IWERT
Maite richert
Nr. 1 FITNESS COACH ZU LËTZEBUERG
Däin Coach fir wierklech Kraaft.
Als WBFF Pro, Hyrox-Athletin an Exatlon-Participantin
weess ech genau wat et brauch fir sech selwer ze iwwerwannen – a genee dobäi hëllefen ech dir.

Mäin Numm ass MAITE
Mäin Wee war net emmer einfach, mee en huet mech onzerbriechlech gemaach.
Wëlls de wëssen waat alles ënnerwee geschitt ass?
MENG STORY
Vläicht bass de grad op engem Punkt an dengem Liewen, wou’s de spiers... do ass méi.
Méi Energie. Méi Kraaft. Méi DU.
Ech war och do.
Fänken mer un am Joer 2009, wéi ech fir d’éischt Kéier eng Kuetzhantel an der Hand hat.
Gleef mer, daat war net just en Training. Et war DEN Wendepunkt.
Et huet mir Kraaft ginn, enorme Fokus, an e Selbstgefill, vun deem ech net mol wousst, dass ech et vermësst hunn.
Kuerz drop stoung ech op internationale Bünen.
Ech hu schwéier trainéiert, strikt Diäite gehalen, mäi Kierper esou geformt dass ech mat den beschten konnt mathalen.
An dofir gouf ech belount! Ech sinn 2018 WBFF Pro ginn.
Vu baussen aus gesinn huet alles perfekt gewierkt. Mä vu bannen? War et ... roueg.
Ech hu mech reduzéiert gefillt! Op mäi Kierper.
Also wousst ech dass ech mech vum "Perfektionismus" distanzéiert muss fir net drun ze zerbiechen. A sinn an eng aner Welt getaucht: den HYROX.
Zënter 2023 hunn ech u 6 Hyrox-Rennen deelgeholl. All eenzelt dovun huet mech u meng Grenze bruecht: kierperlech a mental.
Et war genau wat ech gesicht a gebraucht hu fir mech erëm staark ze fillen an de Fokus ewech ze huele vum ausgesinn a rëm méi op Leeschtung ze trainéieren.
2024 hunn ech eng vu menge gréisste Challenge ugeholl: Exatlon Germany.
Eng Televisiounsemissioun, déi net just meng Stäerkt an Ausdauer getest huet, mee och mäi Mindset, meng Wëllenskraaft a meng Fäegkeet, mat Schwieregkeeten ëmzegoen an dat an extremen Bedéngungen.
Et huet mir nach eng Kéier gewisen: Kraaft ass net just physesch. Et ass eng Entscheedung. Eng Haltung. Besonnesch dann, wa keen Applaus kënnt.
Haut begleeden ech Frae wéi dech. Fraen, déi prett sinn, wierklech eppes ze veränneren.
Ech sinn net just däi Coach fir e cool Trainingspläng.
Ech si deng Mentorin. An zwar eng, déi der hëlleft, erëm zu dir selwer ze fannen.
Dëst steet beim MRF Coaching am Fokus:
✨ RICHTEG KRAAFT - net just am Fitness, mee am Liewen.
🧠 MENTAL KLOERHEET – well däi Mindset decidéiert, wéi's de dech an dengem Kierper fillst.
🌿 GANZHEETLECH GESONDHEET – mat Hëllef vu Biohacking, guddem Schlof, bewosster Ernährung an Rou am Nervensystem.

Dëst ass kee "maach e puer Workouts a gutt ass" Programm.
Bei mir kriss de Kloerheet, Struktur, éierleche Feedback, an e séchert Ëmfeld wou's de dech gesinn, verstan a begleet fills.
Wann's de prett bass opzehalen dech méi kleng ze maache wéis de bass an dech endlech staark ze fillen - vu bannen a vu baussen - da sinn ech hei!











