
1:1 Coaching

STAARKEN KIERPER
Resultater, déi ee gesäit!
KEEN YO-YO
Resultater, déi bleiwen!
STAARK AM KAPP
E Selbstvertrauen dat vu bannen kënnt!
MÄIN SERVICE
Ech hëllefe Fraen, hire Kierper an hiert Liewen ze transforméieren mat engem staarke, nohaltege Coaching deen wierklech zu dir passt.
Meng Method verbënnt Kraafttraining, flexibel Ernährung, Mobilitéit a Mindset-Coaching, fir Resultater, déi net nëmme siichtbar, mee och dauerhaft sinn.
Du kriss:
-
E komplett personaliséierten Trainingsplang - Egal ob deng Zilsetzung aktuell grad Oofhuelen, Muskelen opbauen oder eng Hyrox-Virbereedung ass
-
Eng Ernährungsguidance, déi sech un däi Liewensstil upasst
-
Ënnerstëtzung beim Opbau vu staarke Gewunnechten an engem nach méi staarke Mindset
-
En privaten WhatsApp Chat – egal wou, egal wéini!
Egal ob’s de dech einfach méi wuel fillen, méi staark ausgesinn oder am Wettkampf nach méi ofliwwere wëlls...
Ech sin do, fir dech dohinner ze bréngen.
MENG Philosophy
Ech gleewen un d’Kraaft vun der Verännerung.
Net u séier Léisungen. Net un Ofkierzungen.
Mee un déi Aart vu Verännerung, déi dech vu bannen eraus transforméiert.
Ech gleewen drun, dass däi Kierper méi ass wéi just eng Form oder d'Zuel op der Woo.
Et ass deng Kraaft. Deng Energie. Däin Doheem.
An e verdéngt et, mat Bewosstsinn, Beweegung a Guddem geniert ze ginn.
Fir mech bedeit Fitness net Perfektioun,
mee dass de fir dech selwer do bass. All eenzelen Dag.
Egal wéi voll däin Alldag ass. Egal wéi dacks de schonn nei ugefaang hues.
Ech gleewen u Gewunnechten, déi bestoe bleiwen.
Un Routinne, déi Gläichgewiicht bréngen, an dech net Ausbrenne.
Selbstvertraue schaffen, a fort vum Verglach.
Du muss net extrem sinn. Du solls awer dofir konsequent sinn.
Du muss net géint däi Kierper kämpfen. Du solls e just verstoen.
Ech sinn hei, fir dech ze guidéieren, erauszefuerderen an un denger Säit ze stoen.
Mee d'Victoire? De gehéiert DIR!
Loosst eis zesumme eppes opbauen, wat bleift.
Loosst eis déi staark Versioun vun dir erschaffen.
MENG VISIOUN
Mir liewen an enger Welt voller Geräischer. Endlos Diäten. Schnell-Léisungen.
1000 „Gesondheets-Hacks“.
Meng Visioun ass et, dëse Chaos stomm ze schalten an dir ze hëllefen, dat ze fannen, wat wierklech fir dech funktionéiert.
Keng Extremer. Keng falsch Verspriechen. Kee „One-size-fits-all“.
Ech wëll, dass de däi Kierper verstees, ëm léiers ze vertrauen an en op eng nohalteg Aart ënnerstëtze kanns. Daat mat Gewunnechten, déi bleiwen.
Mat enger éierlecher Begleedung a reeller Educatioun erreechs de deng Ziler effikass.
Net andeems de géint däi Kierper kämpfs, mee andeems de mat him zesummeschaffs.
Well richteg Gesondheet ass keen Trend. Et ass deng eege Balance.
Well alles fänkt mat dir un.


Disclaimer:
MRF 1:1 Coaching ass net gëeegent fir Fraen, déi aktuell an intensiv medezinesch Behandlungen sin, eng Essstéierung diagnostizéiert kruten, staark Liewensmëttelintoleranzen hunn oder no schwéiere Verletzungen d’Beweegungsfäegkeet beaflosst hunn oder am Erhuelungsprozess sinn.
Dës Situatioune verlaangen no spezialiséierter, medezinescher Betreiung a solle vun enger qualifizéierter Gesondheetsfachpersoun betreit ginn, ier e Sport- oder Ernährungsprogramm gestart gëtt.
Wann’s de dir net sécher bass, ob dëse Programm fir dech passend ass, mell dech roueg – mir si fir dech do a beroden dech gär.








